Wunnen


WUNNEN – eng absolut Noutwendegkeet an Prioritéit

Wat an deene leschte Joer am Wunnengsbau verschlof ginn ass, kann elo net kuerzfristeg an d’Rei bruecht ginn.
Eist Land brauch eng Wunnengspolitik déi sech dëser Tatsaach bewosst ass an d’Fakten net bescheinegt.
Mir schloe vir, esou wuel wäitsiichteg ze plange wéi och all kuerzfristeg Méiglechkeeten ze notze fir all Bierger en mënschegerecht Wunnen ze erméiglechen.

 

LOUNEN

Ausbauen vun der « Gestion Locative Sociale »

An deenen leschten Joren huet « Gestion Locative Sociale » do zou bäigedroe Bierger mat nidderegem Akommes eng Wunneng ze verschaffen an eidelstoend Wunnengen ze notzen. Dëse Service sollt ausgebaut ginn an och méi Moyen zur Verfügung gestallt kréien.

 

 

Sozialwunnenge sollte wann méiglech verlount an net verkaf ginn.

Eng Sozialwunneng déi verkaaft gëtt ass de facto keng Sozialwunneng méi.

 

 

D’Gesetz fir Wunngemeinschaften an Co-Locatiounen iwwerschaffen

D’Piratepartei wëllt néi Wunn- a Liewensmodeller ënnerstëtzen a fuerdert dat an enger Wunneng och méi wéi eng ‘communauté domestique’ däerf liewen. Och soll de Fonds National de Solidarité (FNS) kloer an präzis Reegele publizéieren, déi engem REVIS-Empfänger et erlaben als eege communauté domestique unerkannt ze ginn an dëst ouni d’Interventioun vun enger agreéierter Associatioun.

 

 

Schafe vun enger permanenter nationaler Loyerskommissioun mat Decisiounsgewalt

D’ Loyerskommissiounen op kommunalem Plang sinn oft net ganz effizient oder feelen ganz.
En proaktiv an gratis permanent nationaalt Organ mat Decisiounsgewalt wär besser adaptéiert fir géint all Zort vun Mëssbrauch um Wunnengsmaart virzegoen. Des Kommissioun sollt aus Juristen, Léit aus dem soziale Beräich an Experten aus der Baubranche bestoen.

 

 

BAUEN

Schafe vun engem drëtte grousse Promoteur public

De Fonds de Logement an Société National d’Habitations à Bon Marché sin eleng net an der Lag den groussen Retard vun deene läschten Joerzéngten opzehuelen. De grousse Besoin un Sozialwunnenge mécht en drëtte Promoteur public noutwendeg.

 

Mam Privatsecteur zesummeschaffen fir Sozialwunnengen ze bauen.

Fir schnellstméiglech virun ze kommen sollt de Staat beim Bauen vun Sozialwunnengen d’Hëllef vum Privatsecteur siichten. D’Konzeptioun an d’Gestioun vun de Logementer sollt awer weider an den Hënn vum ëffentlechen an sozialen Secteur bleiwen.

 

 

Ëffentlech Gelder an de soziale Wunnengsbau investéieren

De Fonds de Compensation huet riseg Reserven déi zum gréissten Deel an auslännesch Projeten investéiert ginn an an der Vergaangenheet och schonns muncher Kritik ausgesat waren.
Mindestens 5%  vun dëse Reserve sollten an den sozialen Mietwunnengsbau investéiert  ginn. Dëst gëllt och fir d’Reserve vu verschiddene Gemengen.

 

 

D’Gemenge logistesch ënnerstëtze fir d’staatlech Hëllefen voll auszenotzen

D’Finanzhëllefe vum Staat vun 70,75 an 100% fir d’Gemenge beim Bauen, Kafen, Renovéieren an Amenagéiere ginn oft net genotzt well et de Gemengen un qualifizéiertem Personal feelt fir des Aarbechten z’iwwerwaachen an ze geréieren. Hai sollt de Staat de Gemenge mat Rot an Dot zur Säit stoen.

 

PLANGEN

Schafe vun engem « Conseil Supérieur du Logement »

Dëse Conseil, zesummegesat aus Experten aus de Beräicher Legislatioun, Wunnengsbau an Sozialaarbecht sollt als eng Zort ‘Denkfabrik’ fonctionnéieren.
D’Missioun vun dësem  neien  Organ wär d’Beroden an d’Ënnerstëtze vun de politesche Responsabelen an der Wunnengsproblematik. De Conseil sollt ënner anerem eng Etüd iwwert d’Populatiounen an hir ënnerschiddlech Besoinen am sozialen Wunnengsbau maachen.

 

 

Wunnmarché stimuléieren: Wunnengs- Tripartite

D’Pirate fuerderen d’Asetze vun enger Wunnengs- Tripartite aus Proprietären, Immobilienhändler a Locatairë fir de Wunnengsmaart besser plangen ze kënnen. Dës Tripartite soll Virschléi zur Léisung vun der aktueller Situatioun um Wunnengsmaart maachen.

This site is registered on wpml.org as a development site.