D’Piratepartei wëll d’Europäesch Unioun méi effizient, iwwersiichtlech an demokratesch gestalten. D’Entscheedungen an der EU solle am Sënn vun de Mënsche getraff ginn a net fir Banken an Finanzmäert. Mir wëllen eng vollwäerteg, demokratesch an transparent politesch Unioun mat méi Muecht bei grenziwwerschreidende Problemer.
Ee neien europäeschen Traité
D’Piratepartei wëll een effizient, demokratescht an transparent Europa. Den aktuellen europäeschen Traité, deen d’Grënnung vun der Unioun gereegelt huet, geet heifir net méi duer. Et handelt sech heibäi ëm den Traité vu Roum aus dem Joer 1957, deen am Laf vun der Zäit verännert an ëmgeschriwwe gouf.
Fir der Europäescher Unioun e modernen Traité ze ginn fuerdere mir een europäesche Biergerkonvent, deen sech mam Ausschaffe vun engem neien EU-Traité befaasst an duerch een europäesche Referendum vun de Bierger soll agefouert ginn. Den Traité soll d’Europäesch Unioun ee basisdemokratescht Fundament ginn a modern Méiglechkeete fir d’Participatioun vun allen EU-Bierger virgesinn.
D’EU-Institutiounen a Methode sollen transparent ginn, dat potenziell lähmend Vetorecht vun eenzele Regierungen ofgeschaaft ginn an d’Europäescht Parlament soll an alle Beräicher ee vollwäertege Gesetzgeber ginn mat engem parlamentareschen Initiativrecht.
D’EU Parlament stäerken
Am aktuellen EU-Gesetzgebungsprozess dominéiert d’Europäescher Kommissioun op Käschte vum Europäesche Parlament d’Legislative. Mir Pirate wëllen eng Ännerung vun der Muechtverdeelung an den europäeschen Institutiounen erreechen, déi d’Legislativ begënschtegt an dem EU-Parlament méi Muecht gëtt. Mir wëllen all Initiativ mat virundreiwen, déi dëst erméiglecht.
D’EU-Parlament muss och endlech déi voll Muechte vun engem Parlament kréien. Dozou gehéiert d’Initiativrecht fir Gesetzesproposë kënnen ze deposéieren an den EU-Budget all Joer däerfen ze stëmmen.
D’EU-Wahlen reforméieren
Fir den europäeschen Organisatioune méi demokratesch Legitimitéit ze ginn, muss d’EU-Wahlgesetz vereenheetlecht ginn. Momentan stellt all Land seng Kandidaten nom nationale Wahlgesetz op a wielt aus senge nationale Kandidaten seng europäesch Deputéierten. D’Pirate wëllen hei méi demokratesche Choix a fuerderen d’Opléise vun de Wahlbezierker no Länner. Esou sollen EU-Kandidaten an alle Staaten no engem eenheetleche Wahlsystem vun allen EU-Bierger gewielt ginn. D’EU-Bierger géifen op dësem Wee dann och de President vun der Europäescher Kommissioun direkt wielen.
Een direkt gewieltenen EU-President
Aus der Europäescher Kommissioun muss eng Regierung ervirgoen, déi als reng Exekutiv handelt a vum Parlament iwwerwaacht a kontrolléiert gëtt. Den EU-Kommissiounspresident souwéi och de spéidere President vun der EU mussen vun alle Biergerinnen a Bierger an Europa gewielt ginn.
Referende fir EU Bierger erméiglechen
D’Bierger a ganz Europa brauchen onbedéngt méi Matbestëmmungsméiglechkeeten. Mir wëllen d’Biergerinnen a Bierger an europawäite Referenden iwwert d’europäesch Gesetzgebung matentscheede loossen. Zum Enge sollen d’Bierger iwwert erweidert a vereinfacht europäesch Biergerinitiative Gesetzespropositioune maachen, zum Aneren awer och am Kader vum Gesetzgebungsprozess Projete stoppe kënnen.
Fir Referenden oder Gesetzespropositiounen anzereechen, muss 1% vun der Gesamtbevëlkerung vun der EU dës Propose schrëftlech matdroen.
Petitioune vereinfachen
D’Pirate wëllen déi europäesch Biergerinitiativ reforméieren. Den Opwand fir eng Initiativ kennen opzestelle muss dofir reduzéiert ginn. D’EU-Kommissioun soll sech mat alle méiglechen Iddien auserneesetzen, och bei Initiativen, déi keen Erfolleg haten. Petitionäre sollen, wa mindestens 1 Millioune Bierger se ënnerschreiwen, d’Recht kréien hir Virschléi am Plenum vum EU-Parlament virzedroen an eng Prise de Positioun vum Parlament ze verlaangen. D’Presentatioun vun de Petitionäre soll per Videoiwwerdroung iwwer Internet stattfannen.
E-Participatioun
D’europäescht Parlament muss een Instrument fir d’E-Participatioun entwéckelen, mat deem d’Bierger kënne Gesetzesvirschléi ëffentlech diskutéieren, Amendementer proposéieren an online ënnerstëtzen oder eben ofleene kënnen. D’Demokratie fënnt net an engem Plenarsall statt mee an den Diskussiounen tëscht de Bierger. Mer mussen d’Chance notzen, déi den Internet eis bitt, fir physesch Distanzen an Europa ze iwwerbrécken. D’E-Participatioun kann esou eng Bréck duerstellen, fir d’EU Bierger aus allen Ecker Europa mam EU-Parlament ze verbannen.
Méi Matbestëmmung fir déi Jonk
Wa mer en demokratescht Europa wëllen erëmspigelen, an deem all Grupp vertrueden ass, da muss och d’Meenung vun deene jonken EU-Bierger méi Gewiicht am politesche Gestaltungsprozess an Europa kréien. D’Piraten ënnerstëtzen d’YouthGoals Initiative vun der EU a gi souguer nach méi wäit: mer wëllen dass jonk Mënschen schon ab 16 Joer kënnen d’Wahlrecht fir d’EU-Wahlen ufroen.
Europa als Verfechter vum internationale Recht
D’europäesch Integratioun huet eis Joerzéngten u Fridde bruecht. Et ass déi längste Period ouni Krich an der Geschicht vun eisem Kontinent. Och iwwert d’Grenzen eraus steet d’EU als e Liichttuerm fir Fräiheet, Mënscherechter an Demokratie. Dat ass net selbstverständlech. Fir dës Acquisen net ze verléieren, brauch et ee kontinuéierlechen Asaz um an ausserhalb vum Kontinent.
D’Piratepartei wëll eng staark EU, déi och ausserhalb vun Europa fir Fridden, Gerechtegkeet a Sécherheet steet. D’EU muss versichen aner Länner ze beweegen de Roum-Statut, deen d’Unerkennung vum internationale Strofgeriichtshaff ëmfaasst, ze ratifizéieren, fir esou iwwert Verbrieche géint Mënschheet a Krichsverbriechen jugéieren ze kënnen. Weider fuerderen d’Piraten och mat Nodrock d’Asetze vun engem internationalen Ëmweltgeriichtshaff, fir Ëmweltrechter duerchzesetzen.
Open Government Partnership
Mer wäerten d’Europäesch Unioun ënnerstëtzen der “Open Government Partnership”-Plattform bäizetrieden, wou aktuell schonns eng Réi EU-Memberstaaten dra sinn. Dës Initiative besëtzt een Aktiounsplang mam Zil oppe Regierungen ze erschaffen, Biergerrechter ze stäerken, Korruptioun ze bekämpfen an nei Technologien zum Wuel vun enger transparenter Gouvernance anzesetzen.
Fir eng fräi Press
Eng fräi Press ass d’Bedéngung fir en fonktionnéierende Rechtsstaat an domadder och fir d’Demokratie. D’Presse- an d’Meenungsfräiheet mussen ënner allen Ëmstänn bäibehalen an ausgebaut ginn.
Et ass bedenklech, dass aktuell a verschiddene Länner bestëmmte grouss Informatiounsagencen d’Haaptinformationsquell vu villen nationale Medien, déi hier Informatiounen da gréisstendeels just do ofkafen, duerstellen. Dëst huet zur Konsequenz, dass vill Schlagzeilen virdiktéiert sinn an esou de Meenungsspigel vu Gesellschafte manipuléiert ka ginn. Simultan hunn an de leschte Jore verschidden EU-Staaten versicht de Prinzip vun der fräier Press ze ënnergruewen.
An der Informatiounsbeschaaffung a Verbreedung däerf d’Press awer op kee Fall ënnert ëffentlech oder privat Monopoler geroden, déi de Meenungsspigel vun der Gesellschaft manipuléiere kéinten. Opgrond vun de Geforen, déi mat sou Entwécklunge verbonne kenne sinn, wëllen d’Piraten d’Onofhängegkeet vun der fräier Press oprecht erhalen an Informatiounsmonopoler vun Informatiounszenteren, wou et méiglech ass, zerbriechen. Och sollen EU-Memberstaaten, déi versichen, d’Pressefräiheet ze beaflossen, kloer sanktionéiert an op d’europäesch Wäerter zeréckbesënnt ginn.
„One Seat“ fir d’EU-Parlament zu Bréissel
D’Europaparlament hält souwuel zu Bréissel, wei och zu Stroossbuerg, Parlamentssëtzungen of. Déi reegelméisseg Reesen tëscht den zwou Stied kaschten 180 Millioune pro Joer a generéiere ronn 19.000 Tonne CO2, well d’Deputéiert, hir Mataarbechter an aner Beamten – am Ganze ronn 5.000 Persounen –818 km vu Bréissel op Stroossbuerg an zeréck fueren mussen. An dat fir nëmme 4 Deeg am Mount!
Obwuel d’EU- Parlament mëttlerweil 500 Millioune Bierger an der EU direkt representéiert an déi demokrateschsten Institutioun vun der EU ass, huet et nach ëmmer net d’Recht, fir selwer z’entscheede wou et sech trefft. D’Piratepartei well dëst änneren. Mir setzen eis dofir an, datt d’europäescht Parlament just nach ee Setz huet an datt di Steiergeldverschwendung an Ëmweltverschmotzung ophält.