Den Déiereschutz an Europa stäerken


Mer Pirate sëtzen ons an fir Mënsch an Déier. Dofir fuerdere mer een europawäit gläichen a qualitativen Déiereschutz duerch een eenheetlecht Déiereschutzgesetz fir alleguerten d’EU Memberstaaten. D’Déiere mussen als Liewewiese mat Gefiller ugesi ginn. Déierequälerei an egal wéi enger Form leene mer of.

D’Déierentransportgesetz iwwerschaffen

All Joer ginn an Europa ronn 1.5 Milliarden Déiere ronderëm transportéiert. Aus wirtschaftleche Grënn kucken d’Transportfirmen, an éischter Linn d’Transportkäschten ze reduzéiere, mam Zil d’Profitter ze erhéijen. Leider ass et eng akzeptéiert Tatsaach, dass dës Firmen aus ekonomesche Grënn d’Leed vun den Déieren a Kaf huelen aplaz et ze verhënneren.

D’EU Gesetzgebung mëscht dat méiglech, wëll no der aktueller Gesetzeslag all Déier nëmmen ee gewëssene Minimum u Platz garantéiert kritt. Ee Schwäi vun 120 Kilo huet no der Reegel zum Beispill 0,55 Quadratmeter Platz zegutt. D’Déiere kënnen doriwwer eraus och an Etagen transportéiert ginn, mam Zil den Transporter esou voll wéi méiglech ze kréien. Et ass natierlech evident, dass d’Platz, déi d’Déier huet, net duergeet fir sech wärend dem Transport ze beweegen oder ze dréinen.

D’Piratepartei seet “Schluss” zu dëser Form vun Déierequälerei a fuerdert, déi aktuell Direktiven zum Déierentransport ze iwwerschaffen, andeems d’Reegelen aus der EU-Direktive méi streng zum Wuel vum Déier definéiert an d’Mëssstänn méi haart bestrooft solle ginn. Beispillsweis soll den Etagentransport bei Ranner verbuede ginn an all Déier d’Méiglechkeet hunn, sech am Transporter wirklech kënnen ze stellen.

Déi maximal Transportdistanz vum Bauerenhaff bis zum nächst geleeënen Schluechthaus däerf maximal 100 Kilometer bedroen. Europäesch Subventioune fir d’Schluechtunge sollen an dem Beräich gestrach ginn. Den Transport vu Jippelcher an der jëtzeger Form soll och verbuede ginn.

Déierentransporter begrenzen

Nieft méi strenge Gesetzer zum Déierentransport brauche mer an Europa virun allem endlech richteg Kontrollen, fir dass déi existéierend EU-Direktiv vun 2005 zum Déierentransport endlech ëmfangräich respektéiert gëtt. No der Direktiv hunn d’Déieren ee Recht op Pausen, Fidderungszäiten an definéiert Grenze bei den Transportzäiten. Ee Schwäin däerf sou zum Beispill maximal 24 Stonnen um Stéck transportéiert ginn, bei Kanéngercher a Gefligel sinn et 12 Stonnen. Et däerf dofir net sinn, dass d’Déieren oft Deeg laang ouni Fudder, Waasser an a miserabelen Zoustänn duerch Europa gefouert ginn. Domadder muss Schluss sinn.

D’Pirate fuerderen, dass d’Direktiv an allen EU Memberstaaten, och zu Lëtzebuerg, effektiv ëmgesat gëtt an dass d’Transportkontrollen uerdnungsgemäss duerchgefouert ginn. D’Pirate wäerten sech dofir asetzen, dass all EU-Memberstaat zukünfteg all verfügbar Mëttele muss asetzen, fir dass d’Gesetz zum Déierentransport respektéiert gëtt.

Fir d’Kontrolle vun all Memberstaat ze garantéieren, soll eng europäesch Agence fir Déierentransporter erstallt ginn. Dës kéint iwwert den Agrikulturfong vun der EU finanzéiert ginn an esou déi néideg Mëttele kréien, fir géint Memberstaate virzegoen, déi d’Déieretransportgesetzer net respektéieren. Doriwwer eraus brauche mer bei der Police an den Douannen méi Formatiounen am Déiereschutz an zu gudder Lescht ee Maximum un Transportkontrolle fir Mëssstänn effektiv kennen opzedecken an ze bestrofen.

Ethesch vertrietbar Schluechtprozeduren

Well gewosst ass, dass d’Schluechtung vun engem Déier ëmmer ee schwieregen Akt ass, sti mir Pirate fir eng ethesch vertrietbar Aart vun der Schluechtung. Fir d’Schluechthaiser fuerderen mir, dass op mannst all Mount eng staatlech Kontroll muss stattfannen an dass d’Schluechtkummere vu Kamerae iwwerwaacht ginn. Doriwwer eraus däerf keen Déier ouni Narkos operéiert oder a Schluechthaiser dout gemaach ginn.

An engem weidere Schrëtt sollte mer en aartgerecht a stressfräit dout maache vum Déier iwwer europäesch Programmer fërderen. Konkret heescht dat, dass d’Déieren net méi a Schluechthaiser a Masse, mee duerch alternativ a stressfräi Methoden, sollen dout gemaacht ginn. Heizou sollte solle mer eis u Best Case Practices orientéieren, déi vereenzelt schonn an Europa ugewannt ginn a vun Déiereschutzorganisatioune prekoniséiert ginn. Ee Beispill ass z. B. d’Déier op der Wiss, wou et lieft, duerch ee professionelle Jeeër mat engem geziilte Schoss mat Schalldämpfer ze erschéissen.

Méi Opklärungscampagnen iwwert eis Ernärung

Fir en Ëmdenken am Déiereschutz ze bewierken, musse mer Opklärungscampagnen zu eiser Ernärung féieren. De Konsument muss sech kënne bewosst ginn, wat op sengem Teller an op sengem Bréitchen ass. Dofir sollen EU-Campagnë gefouert ginn, déi doriwwer opklären, wéi eist Iessen hiergestallt gëtt.

Genuch Documentairë weisen déi hëtzeg Konditioune vun der Agrarindustrie. Mer fuerderen, dass, wa mer eis fir esou Produktiounstechniken entscheeden, dës och transparent an didaktesch dem Konsument musse virleien. Virun allem an de Schoule muss hei Pionéieraarbecht geleescht ginn.

Als Beispill fir eng besser Transparenz um Liewensmëttelmaart, mee och fir dem Verbraucher de Choix ze gi Produite mat manner Déiereleed ze kafen, fuerdere mir, datt op all Produit deen Eeër als Inhalt huet, markéiert ass, ob déi aus Buedemhaltung, Käfeghaltung oder Bio sinn. Dëst analog zur Eeër-Kennzeechnung. Just den Haff misst hei net mat ugi ginn.

Déierenziichter méi kontrolléieren

All Déierenziichter, egal ob fir Hond, Katz, Päerd oder aner erlaabten Déieren, soll an der EU am jeeweilegen nationalen Handelsregister eng Steiernummer an TVA Nummer kréien an donieft an engem Register vun der nationaler Veterinärsinspektioun agedroe sinn. Domat gëtt vermidden, dass d’Déiere fir kommerziell Zwecker an Hannerhäff kenne geziicht an dono steierfräi verkaaft ginn.

D’Pirate setzen sech och dofir an, dass Hondsausstellungen a ganz Europa vun de jeeweilege Veterinärsinspektioune kontrolléiert ginn. De ganze Benefice vun deenen Ausstellunge soll a Projeten oder Associatiounen investéiert ginn, déi d’Wuel vun Déiere fërderen. Gläichzäiteg suerge mer esou dofir, dass d’finanziellt Intressi, fir Déierenziichter ze ginn, noléisst an d’Zuucht eescht gehol gëtt.

Bauerenhäff aplaz vun Agrarfabriken

Mir setzen eis fir besser Standarde bei Notzdéieren an, mam Zil, eng aartgerecht Behandlung ze garantéieren. D’Pirate fuerderen, datt de Kader vun der landwirtschaftlecher Produktioun verbessert an ökologesch ausgebaut gëtt. Massendéierenhaltung féiert zu schlechte Konditioune fir Mënsch an Déier. Dofir fuerdere mir eng Réckbesënnung op e Bauerenhaff mat enger iwwerschaubarer Zuel u Béischten amplaz risegen Agrarfabriken. An deem Sënn wëlle mer och den Asaz vun Antibiotiken an der Déierenhaltung op e Minimum, deen néideg ass fir Krankheeten ze behandelen, reduzéieren.

Händler, déi méi oft bei Déierequälerei erwëscht goufen, sollen op enger zentraliséierter europäescher Websäit kloer ausgewise ginn, fir datt de Konsument entscheede kann ob en déi Wuer nach weider kafe wäert oder léiwer drop verzicht.

Déierepelzer

Vill Konsumenten sinn sech de Konditiounen an der Déierepelzproduktioun an Europa net bewosst. Esou gëtt ee Pelzemantel och hautzedaags nach ëmmer als ee prestigeräiche Modeartikel ugesinn. Dass hannert dësem Endproduit awer eng grausam Déierequal läit, wësse vill Mënschen net. D’Pirate fuerderen dofir eng immediat a kloer EU Kennzeechnung fir de Verkaf vu Materialien aus oder mat Déierepelzer.

Och hei fuerdere mer, dass Händler, déi méi oft bei Déierequälerei erwëscht goufen, sollen op enger zentraliséierter europäescher Websäit kloer ausgewise ginn, fir datt de Konsument entscheede kann, op en déi Wuer nach weider kafe wäert oder léiwer drop verzicht. An engem weidere Schrëtt setze mer eis an, de Verkaf vun Déierepelzer an Europa ze verbidden.

Hausdéiere méi schützen

Mer Pirate fuerdere méi streng Kontrollen am Sënn vun der Europäescher Konventioun zum Schutz vun Hausdéieren. Proprietäre sollen sech un d’Gesetzgebung halen a Mëssuechtunge solle bestrooft ginn. D’Policebeamte vun deenen eenzele Memberstaaten mussen dofir méi am europäeschen Déiereschutzgesetz forméiert ginn.

Aktuell existéiert an Europa keng zentraliséiert Plattform, wou gechippten Déiere kënnen enregistréiert ginn. Dat heescht, dass d’Déieren zwar gechippt musse ginn, mee dësen Chip awer kengem Proprietär zougewisen muss ginn. D’Pirate setzen sech dofir an eng zentraliséiert Plattform op d’Been ze stelle fir dass all gechippt d’Déier kloer engem Proprietär kann zougeuerdent ginn. Dëst huet och zur Folge, dass d’Proprietäre fir hir Déiere responsabel kënne gemaacht ginn.

Zirkusdéiere widderspriechen eise Grondwäerter

D‘Pirate refuséieren Haltung, Dressur a Presentatioun vun all Aart vun Déieren am Zirkus grondsätzlech. Et gëtt, ausser der mënschlecher Kuriositéit, kee Gronn fir Déieren aus hirem Habitat ze rappen an se ënnert Stress onnatierleche Presentatiounen auszesetzen. Mir fuerderen dofir e konsequent Verbuet vun Déieren an Zirkussen, Zooen an Delfinarien.

Géint Déiereversich

D’Pirate schwätzen sech géint Déiereversich aus a fuerderen, dass Déieren ënnert kengem Ëmstand fir kommerziell Zwecker mëssbraucht solle ginn. An der Fuerschung sinn alternativ Methoden, wéi zum Beispill Zellkulturen oder Computersimulatiounen, ze privilegéieren a mussen onbedéngt weider ausgebaut ginn.

Nohalteg Fëscherei 

D’Pirate setzen sech fir nohalteg Fëschereimethoden an. Mer ënnerstëtze streng EU-Quoten an ee Referenzplang fir d’Ëmsetzung vun nohaltege Faangmethouden an e Verbuet vun net-nohaltëgen Technologien. D’EU muss d’Kapassitéit vun hirer Fëscherflott aktiv verklengeren a weiderhin e Leader am Beräich vum Schutz vu bedrohten Aarte bleiwen. D’Fëscherquote sollen no wëssenschaftlech gepréifte Kritären ajustéiert ginn. Doriwwer eraus muss déi illegal Fëscherei an Europa an an der Welt méi staark bekämpft ginn.

D’Klappjuegd verbidden

D’Pirate wëlle Juegdmethode wéi d’Klappjuegd ofschafen. Bei der Klappjuegd gëtt d’Wëld duerch Kaméidi a Beweegung bruecht an an d’Enkt gedriwwen, fir et ze erschéissen. Heibäi däerf all Hobbyjeeër mat engem Jeeërschäi matmaachen, wat oft dozou féiert, dass d’Trefferquoten net héich sinn an d’Wëld nëmmen ugeschoss gëtt a bis zum Gnadeschoss ee laangen a qualvollen Doud erdroe muss. Dës Weidere ginn d’Déiere mat esou Methoden engem onnéidege Stress ausgesat.

Organisatioune wéi d’PETA weise scho säit Joren op déi grausam Juegdpraktik vun der Klappjuegd hin, déi haaptsächlech vu Jeeërverbänn a ganz Europa ënnerstëtzt gëtt. D’Schwäiz huet schonn ugekënnegt, d’Treibjuegde wëllen esou vill wéi méiglech ze reduzéieren. Mer Pirate mengen, dass et wichteg ass, dëse Schrëtt op EU-Niveau weiderzeféieren. Een Ufank dofir wär eng neutral Etüd, déi den Effekt vu Juegtforme mat alternative Methode vergläicht an och zueleméisseg duerstellt, fir objektiv Donnéeën zum Notzen an de Käschte vun der Juegd ze kréien.

Juegdtropheeë verbidden

D’Pirate sinn der Meenung, dass d’Juegd op d’Déiere keen Hobby soll sinn, mee eng seriéis a sënnvoll Aktivitéit duerstellt, mat der Bedéngung d’Wiert vum Déier ze respektéieren. Aus dësem Grond wëlle mer Juegdtropheeë bannent der EU verbidden an domadder generell Spaass- an Amateurjuegten ënnerbannen.

This site is registered on wpml.org as a development site.