Wien mécht wat?
Méi Informatiounen iwwert déi eenzel Parteiorganer fënns du an eiser Satzung.
Kongress
De Landeskongress besteet aus alle Membere vun der Piratepartei a kënnt mindestens ee Mol am Joer zesummen, fir iwwert d’Richtung vun der Partei ze decidéieren. De leschte Kongress war den 2te Juni 2022. De Beriicht dovunner fënns du hei.
Präsidium
Um Landeskongress vum 8te Mee 2021 a vum 2te Juni 2022 gouf den aktuelle Präsidium vun der Piratepartei Lëtzebuerg gewiehlt, deen aus folgende Persoune besteht:
- Marc Goergen (Koordinator)
- Rebecca Lau (Spriecherin)
- Starsky Flor (Spriecher)
- Gilles Mertz (Tresorier)
- Sven Clement
- Camille Liesch
- Daniel Frères
- Raymond Remakel
- Mandy Arendt
- Charly Muller (Ersatzmember)
- Marie-Marthe Muller (Ersatzmember)
Parteileedung
D’Parteileedung besteet aus de Memberen vum Parteipräsidium, souwéi
- alle gewiehltenen Mandatsdréier vun der Piratepartei Lëtzebuerg (kommunal, national & europäisch),
- de vum Landeskongress gewiehltenen Themenbeauftragten,
- engem Vertrieder aus all Bezierk,
- souwéi engem Vertrieder vun de Jonke Piraten (JONK PIRATEN ASBL).
Hei ass déi aktuell Zesummesetzung vun der Parteileedung:
- Marc Goergen
- Rebecca Lau
- Starsky Flor
- Gilles Mertz
- Sven Clement
- Camille Liesch
- Daniel Frères
- Mandy Arendt
- Raymond Remakel (Themenopbeoptragten fir Handicap)
- Gerald Contreras (Themenbeoptragten fir Gläichberechtegung & Integratioun)
- Emilie Moreira (Themenopbeoptragten fir Kanner)
- Jo Wampach (Themenopbeoptragten fir IT)
- Chris Bernard (Themenopbeoptragten fir Ëmwelt)
- Steven Curfs (Themenopbeoptragten fir Finanzen)
- Mathis GODEFROID (Themenopbeoptragten fir Jugend)
- Marie-Marthe MULLER (Themenopbeoptragten fir Aarbecht)
- Christian Welter ( Jonk Piraten).
D’Sitzunge vun der Parteileedung sinn oppen fir all Member.
D’Piraten lokal
D’Piratepartei ass a véier Bezierker agedeelt, déi all Kéiers aus de Sektiounen vun engem Wahlbezierk zesummegesat sinn. Dat gesäit eis Satzung vir. Hei sinn déi aktuell Bezierkscomitéeën:
Bezierkscomité Norden
De Comité vum Norden wäert geschwënn gegrënnt ginn. Wann s du och interesséiert bass hei mazemaachen, da mell dech op ahoi@piraten.lu
Bezierkscomité Osten
- Daniel Frères – Koordinator
- Claire HOUDREMONT – Vizepresidentin
- Gerald CONTRERAS – Tresorier
- Maryse Zender-Günther – Sekretärin
- Carina Zimmermann – Member
Bezierkscomité Süden
- Martine Kohl – Spriecherin
- Libor Chmelik – Spriecher
- Mario Correia – Schatzmeister
- Bernard Vicky – Koordinatrice fir de Kanton Esch/Uelzecht
- Camille Liesch – Koordinator fir de Kanton Capellen
- Christian Welter – Member
- Gemengeconseiller zu Péiteng
- Marc Goergen – Member
- Deputéierten a Gemengeconseiller zu Péiteng
- Sylvie Kohl – Member
Bezierk Zentrum
- Pascal CLEMENT (Präsident)
- Jo WAMPACH (Sekretär)
- Lucie KUNAKOVA (Präsidiumsmember)
Sektiounen
D’Sektiounen sinn Ënnerglidderungen an de verschiddene Bezierker a këmmeren sech ëm d’Lokalpolitik um Gemengenniveau.
Aktuell huet d’Piratepartei 6 Gemengeconseilleren an de Gemengen Park Housen, Péiteng, Réimech, Colmar-Bierger a Réiden.
Gemeng Esch/Uelzecht
Uspriechpersoun: Libor Chmelik
Gemeng Péiteng
Spriecher: Marc Goergen
Comité: Christian Welter, Martine Kohl, Vitor Nunes, Starsky Flor, Kohl Sylvie, Tom Kohner
Gemeng Käl/Téiteng
Uspriechpersoun: Ben Lomel
Gemeng Réimech
Uspriechpersoun: Daniel Frères
Gemeng Colmar-Bierg
Uspriechpersoun : Mandy Arendt
Gemeng Réiden/Attert
Uspriechtpersoun: Raymond Remakel
Gemeng Park Housen
Uspriechpersoun: Charly Muller
Stad Lëtzebuerg
Koordinator: Rebecca Lau
***
Zousätzlech ass d’Piratepartei Lëtzebuerg Member bei den Europäesche Piraten.
Eis onofhängeg Jugendorganisatioun sinn d’Jonk Piraten: Jopis.