Open Data


Open Data

Transparenz bedeit net nëmme staatlech Handelen oppenzeleeën, ma och d’Resultater vu staatlech finanzéierter Aktivitéit ze publizéieren. Donnéeën, Studien, Etüden, wëssenschaftlech Erkenntnisser oder Statistiken, déi mat Hëllef vu Steiergelder ausgeschafft goufen, mussen der Ëffentlechkeet ënner fräi benotzbare Formater zougänglech gemaach ginn. Esou profitéiert d’Allgemengheet vun den Donnéeën, déi se iwwer Steiergelder mat bezuelt huet.

 

Formatioun an de Schoulen

An de Schoule soll verstäerkt op Open Source Formatioun am IT Beräich gesat ginn.

 

Gemengeverwaltung op Open Source ëmstellen

Ëffentlech Verwaltunge vun de Gemenge sollen op gemeinsam Open Source Léisunge setzen, fir sou den Dateschutz ze garantéieren an hire Budget ze entlaaschten.

 

Weltwäit Spëtzt an Open Data Froen

Et steet ausser Fro datt d’Welt an Zukunft ëmmer méi Date produzéiere wäert. Och déi lëtzebuergesch Regierung an de Staatsapparat stinn deem a kengem Sënn no. Et ass elo fir Neel mat Käpp ze maachen a Lëtzebuerg zu engem internationale Virreider vun der Open Data Beweegung ze maachen. Natierlech sollt dëst ëmmer ënner Berécksiichtegung vun Dateschutz geschéien, sou wéi d’Definitioun vun Open Data dat virgesäit.

 

 

All Donnéeë sinn oppen

Nëmme wann Donnéeën accessibel sinn, kënnen se benotzt ginn. Aus dësem Grond ass et wichteg fir e moderne Staat seng Donnéeën als oppen Daten (Open Data) ënnert oppene Lizenzen ze verëffentlechen. Esou ass et Bierger an Entreprisë méiglech innovativ Notzung vun dësen Daten ze fannen an domat dat vollt Potential vun Open Data auszeschöpfen.

 

 

Fräien Zougang zu de Resultater vu wëssenschaftlecher Fuerschung

D’Piratepartei setzt sech fir den allgemengen a fräien Zougang zu allen aus Steiergelder finanzéierte Fuerschungsresultater nom Open Access Prinzip an. Zur Fërderung vun der Verëffentlechung vu wëssenschaftleche Resultater am Kader vun Open Access soll als Infrastrukturmoossnam en allgemengt Open Access Magasinn nom Virbild vu PLOS One mat Hëllef vun ëffentleche Mëttel gestart ginn. Des Weidere soll en Open-Access-Fonds am Haushalt vun der Uni geschafe ginn dee Publikatiounskäschte bis zu engem gewësse Seuil iwwerhëlt. D’Ziel vum Fonds ass et datt d’Fuerscher net méi iwwert d’Käschte vun Open Access nodenke mussen, sou wéi et haut mat den Abonnementer vu Magasinner de Fall ass. Och fuerdere mir d’Rechter vun den Auteuren (z.B. Archivéieren um eegene Site) ze stäerken. Dës Moossname reduzéieren d’Käschte fir Fuerscher ouni grouss finanziell Ressourcen an ënnerstëtzt domat de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg.

This site is registered on wpml.org as a development site.