Nordstad fusionéieren
D’Pirate schwätze sech prinzipiell do, wou et Sënn mécht, fir d’Fusioun vu Gemengen zu gréisseren Entitéiten aus. Mir gesinn och an der Nordstad eng onheemlech grouss Chance fir dës Regioun. Nodeems d’Gemengen Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng, Schieren, Bettenduerf a Kolmer-Bierg schonn zënter Joerzéngten hiren Intressi un dësem Projet ausdrécken, stelle mir haut fest, datt an deem Beräich vill ze dacks duerch lokal Interessien déi nächst Schrëtt blockéiert ginn.
Mir plädéieren dofir fir e Referendum an de respektive Gemengen, fir endlech Kloerheet ze schafen. D’Bierger sollen decidéieren, wéi et viru geet. Am Fall vun engem Fusiounswëllen, soll d’Fusiounsbestriewungen dann och méi séier virugoen an dëser neier Entitéit weider Mëttelen zur Verfügung gestallt ginn, fir déi néideg Infrastrukture weider auszebauen.
Besser Planung a Kontroll bei Infrastrukturprojeten
Souwuel bei der Nordstrooss wéi och bei der Saarautobunn goufen et massiv Planungsproblemer a Feeler bei der Exekutioun. Dës Beispiller weisen, datt et u Kontroll bei groussen Infrastrukturprojete feelt. D’Pirate fuerderen datt bei all Projet d’Planungsbüroe mat an d’Haftung geholl gi wa Projeten déi virleefeg Budgeten oder Zäitpläng ëm e bestëmmte Prozentsaz iwwerschreiden. Dës soll dozou féieren datt d’Büroe méi realistesch Estimatiounen ofginn ouni d’Zuelen ze verschéineren. Doduerch gi grouss Projete méi virsiichteg an domat méi realistesch geplangt.
Nëmme minimal Virschrëften a Bebauungspläng
An e Bebauungsplang gehéiert déi gewënschte Benotzung sou wéi déi erwaarte Besiedlungsdicht, ma net, wéi eng Faarf den Daach oder eng Garagëpaart soll hunn. D’Pirate fuerderen, datt d’Bebauungspläng, ausser an historesche Quartieren, net mat Virschrëften iwwerlaascht ginn, esou datt d’Proprietären erëm méi Fräiheete kréien, déi se op hirem Terrain sollen hunn.
Bauperimeter-Erweiderung erméiglechen
D’Piratepartei schwätzt sech dofir aus fir all Gemenge Bevëlkerungs- a Bauperimeter zouzeloossen.