Gesondheet


Déi beschte Léisung fir de Gesondheetssystem ze verbesseren ass eng opgekläert Gesellschaft, déi Präventioun an de Mëttelpunkt setzt. De Patient muss am Mëttelpunkt stoen a fir en informéierte Choix kënnen ze maache muss och am Beräich Santé déi néideg Transparenz kreéiert ginn.

 

Fërderung vu Präventiounsprogrammen

Haut gëtt Preventiounspolitik all ze oft forcéiert a mat Verbueter duerchgesat. D’Pirate fuerderen eng liberal Approche a wëlle Präventiounsprogrammer verstäerkt benotzen als prioritär Mëttel géint Krankheet a Sucht. Sou sollen net nëmme Präventiounsprogrammer géint Fëmme geschaaft ginn, ma och méi Offere fir anere Krankheete virzebeugen. Nëmmen en informéierte Bierger kann déi fir hie beschten Entscheedung treffen an dofir brauch en all méiglech Informatiounen, déi duerch Präventiounsprogrammer ugebuede kënne ginn.

 

 

Eng Präventiounskeess aféieren

Fir Präventioun s Aktiounen optimal ze verwalten, muss och eng deementspriechend Instanz geschaaft ginn. Dës Instanz géif “Präventiounskeess” heeschen, déi dat éischt Joer mat 0,15 vun de 6.1% vun de Cotisatioune fir d’Gesondheetskeess finanzéiert géif, an dann all Joer ëm 0,15% erop goen, bis en Equiliber 3,05 fir d’Gesondheetskeess, an 3.05% fir d’Präventiounskeess géif bestoen. De Versécherte soll insgesamt net méi musse bezuelen ewéi virdrun.

 

 

Leeschtunge vun der Gesondheetskeess erweideren

D‘Pirate fuerderen datt d‘Leeschtunge vun der Gesondheetskeess erweidert ginn op all alternativ Behandlungsmethode fir déi et evidenzbaséiert Literatur gëtt déi Wierksamkeet beleeën. Dëst betrëfft sou wuel alternativ Medikamenter zur aktueller Nomenclature wéi och z.B. Osteopathie.

 

 

Weider géint Kannerstierflechkeet kämpfen

Lëtzebuerg läit mat enger Kannerstierflechkeetsrat vu 4,44 Promill nach laang net an enger Spëtzepositioun wat dës Statistik ubelaangt. Mir musse weider géint Kannerstierflechkeet ugoen an ons e Beispill u skandinavesche Länner huele wou Elteren eng komplett Grondausstattung zur Verfügung gestallt kréien, wat noweisbar géint de fréie Kandsdoud Wierkung gewisen huet.

 

 

Prenatal Tester iwwer Gesondheetskeess

Nëmme wa Familljen iwwert eventuell Krankheete vun hire Puppelcher Bescheed wëssen, kënnen se sech optimal op d’Gebuert an och op d’Wochen a Méint dono astellen. Fir den Elteren optimal Planungssécherheet ze ginn, fuerdere mir dofir datt prenatal Tester vun der Gesondheetskeess mat iwwerholl ginn.

 

 

Patienterepresentatioune stäerken

Nëmmen eng staark Patientevertriedung garantéiert eng adequat Representatioun vun de Patienten am Gesondheetssystem. Aus dësem Grond fuerdere mir eng Stäerkung vun de Rechter vun de Patienterepresentatiounen an en Verbandsklagerecht fir dës Organisatiounen am Fall wou keng Famill eng Klo wéinst Operatiounsfeeler féiere kann.

 

 

E-Patientendossier ënner Virbehalt

All IT-System ka geknackt ginn. D’Pirate fuerderen dofir en E-Patientendossier, dee just bei Präsenz vum Patient liesbar ass; dëst ass iwwer adequat IT-Installatioune sécher ze stellen. Gläichzäiteg muss e begrenzten Zougang am Noutfall méiglech sinn. Dës Ausname solle reng noutfallmedezinesch indiquéiert Donnéeën uweisen.

De Patient soll och selwer eng Kopie vu senge gesamten Daten op engem digitale Medium däerfen hunn. Op dësem Medium soll eng Applikatioun drop sinn, déi, iwwert e Computer, vum Medium selwer aus ka gestart ginn, an déi Passwuert geschützten Date liese kann.

 

 

Besseren Zougang zu Arznei a Medikamenten am Noutfall

Zu Lëtzebuerg mangelt et un Apdikten déi reegelméisseg Déngscht hunn, besonnesch am Norden an Oste vum Land. Aus dësem Grond fuerdere mir eng Ännerung vum Gesetz, déi et méiglech mécht, datt méi Apdikten am Land zougelooss ginn. Net nëmmen d’Bierger, ma och d’Wirtschaft kann dovunner profitéieren. Och online Apdikte mussen erlaabt gi fir et Mënschen, déi net aus dem Haus kommen z’erméiglechen un hier Medikamenter ze kommen. Hei muss allerdéngs op den néidegen Dateschutz opgepasst ginn.

 

 

Disponibilitéit vun de “Maisons Médicales”

Maisons Médicales goufen agefouert, fir d’Urgencen an de Cliniquen ze entlaaschten. Dëst Ziel gëtt gréisstendeels verfeelt, wëll d’Maisons Medicales oft a grousse Stied direkt nieft de Cliniquen ze fanne sinn. D’Pirate fuerdere méi Maisons Médicales an alle Regiounen, onofhängeg vu Cliniquen, déi Bierger en Accès zu medezineschen Traitementer erlaben ouni grouss Distanze mussen ze iwwerbrécken.

 

 

Ariichte vu sougenannte Stierwehospizer

Fir déi läscht Deeg, Wochen a Méint vu Mënsche mat Krankheeten am Endstadium méi erträglech ze maachen an och d’Famill optimal begleeden ze kënne fuerdert d’Piratepartei d’Ariichte vu weidere Stiewehospizer, och mat finanzieller Réckendeckung duerch de Staat. Gläichzäiteg muss d’Nomenclature vun der Gesondheetskeess zu dësem Punkt nach emol iwwerschafft ginn.

 

 

Nei Nomenclature fir de Gesondheetsberäich

Déi aktuell Nomenclature, de Schlëssel vun der Tarifikatioun am Gesondheetsberäich, ass historesch gewuess an net méi der Zäit ugepasst. Dëst ass komplett ontransparent fir de Patient, dee kaum iwwerpréiwe kann, wat dann elo verrechent ginn ass. D’Bemoosse vum Tarif fir d’Doktere baséiert deelweis op historesche Gegebenheeten déi net méi existéieren. D’Piratepartei fuerdert datt déi Nomenclature de moderne Gegebenheeten an dem Stand vun der medezinescher Wëssenschaft ugepasst gëtt an ass iwwerzeegt, datt esou substantiell Käschte gespuert ginn.

 

 

Suicide-Präventioun an Hotline

De Gesondheetsministère muss dofir suergen, datt eng 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 Helpline fir Mënsche mat Suicidegedanken op d’Been gestallt gëtt. Dës Hotline muss barrièrefräi erreechbar sinn a vu geschoultem Personal besat ginn. Donieft muss dës Nummer duerch Opklärungscampagne verbreet ginn an a Schoulen op weider Méiglechkeeten, wéi eng Informatiounssäit am Internet, higewise gi fir sech iwwer d’Thema Suicide ze informéieren. Mindestens eemol am schoulesche Parcours musse Kanner a Jugendlecher iwwer d’Thema Suicide opgekläert ginn. Donieft muss d’Schoulpersonal reegelméisseg op d’Indizien an d’Reaktioune vu méigleche psycheschen Erkrankungen opmierksam gemaach ginn.

 

 

Behandlungskäschte virun der Behandlung kommunizéieren

Fir méi eng héich Käschtentransparenz souwéi besser Plangbarkeet vu medezineschen Aufgaben ze erméiglechen, fuerdere mir datt jiddwer Patient viru jidder medezinescher Moossnam, déi méi deier ewéi 50€ ass, iwwert déi generell Opschlësselung vun der Käschtenopdeelung informéiert gëtt. Dës Informatioun muss weisen, wéi vill dovunner de Patient selwer ze droen huet, awer och wéi vill d’Gesondheetskeess respektiv eng Privatversécherung bäileet. Nëmmen esou kënnen d’Gesondheetskäschte méi transparent gemaach ginn.

 

 

En neie Bezuelmodell fir Dokteren

Mir setzen eis dofir an, datt de veraalte System, wou Dokteren nëmme Geld kréie wann se e kranke Patient behandelen, vun engem System, wou Präventioun och gefuerdert gëtt, ofgeléist gëtt. Sou kann een d’laangfristeg Käschte vun der Krankeversuergung drécken a gläichzäiteg Ureizer  fir eng méi enk Dokter/Patient-Relatioun schafen.

Den Dokter soll op d’Zäit bezuelt ginn, an net pro Consultatioun. Sou géif en Dokter sech méi laang mat engem Patient beschäftege kënnen, ouni finanziell Aboussen a kaf mussen ze huelen. Wat sech méi laang mat engem Patient beschäftegt gëtt, wat d‘Chancë méi grouss sinn dass den Dokter erausfënnt wat de Patient wierklech huet. Et muss do e Minutten-Tarif agefouert ginn.

 

 

Méi Kooperatioun tëscht Dokteren an Apdikter

D’Doktere sollen a reegelméissege Fortbildungen déi neiste Generiquen kenneléieren an d’Apdikter sollen duerch e reegelméissegen Austausch d’Méiglechkeet kréien, nei Krankheetsbiller rechtzäiteg kennenzeléieren. Sou kënne béid Säiten optimal hir Patienten a Cliente betreien. Ausserdeem soll et fir Apdikter méi einfach ginn, Clienten un d’Doktere virunzeleeden, wann de Verdacht op eng eescht Krankheet besteet.

 

 

Keen Veto géint Organspenderpass

Lëtzebuerg huet e Mangel un Organspender. Dëst net onbedéngt, well keen den Organspenderpass bei sech droe géif, mee deelweis och well ze dacks déi Hannerbliwwen nach ëm hir Meenung gebiede ginn. Esou kënnt et dacks zu dramatesche Zeene wou Mënscheliewen net gerett kënne ginn, well déi Hannerbliwwen sech mat hirem verständleche Leed net mat der Organspendefro auserneesetze kënnen oder wëllen. D’Piratepartei wëll de Wëlle vum Verstuerwene beschtméiglech schützen a verlaangt dofir, datt déi Hannerbliwwe kee Veto-Recht méi géint en explizitten Organspendewonsch aleeë kënne sollen.

 

 

Keng Diskriminéierung bei Bluttspenden

Trotz der Verbesserung vun HIV-Blutttester an der Erkenntnis, datt LGBTIQ-Mënschen, déi a stabille Partnerschafte liewen, kee méi en héicht HIV- oder AIDS-Risiko hunn ewéi heterosexuell Mënschen, ginn LGBTIQ-Leit nach ëmmer vun enger Bluttspend ausgeschloss. Dëst an enger Zäit, wou ëmmer méi Bluttkonserve gebraucht ginn an ëmmer manner Fräiwëlleger hiert Blutt spenden. D’Piratepartei fuerdert eng absolut Gläichstellung vun alle Mënschen. Persounen, déi zum Wuel vun der Allgemengheet bäidroe wëllen, sollen dëst och maachen dierfen, soulaang keng medezinesch Grënn dogéint schwätzen.

Et ginn den Ament scho Methoden, déi et erlabe fir Bluttprouwen a relativ kuerzer Zäit ze iwwerpréiwen. Mir gesinn de Gesondheetsministère an der Flicht, fir dës Ongläichbehandlung ofzeschafen an dofir ze suergen, datt méi effikass Léisungen agesat ginn, fir Bluttspenden ze analyséieren, ouni dobäi Mënschen engem Generalverdacht ze ënnerstellen.

 

 

Besser medezinesch Versuergung am Norden

D’Piratepartei fuerdert fir den am Moment ageschränkte Betrib vun der Policlinique zu Wolz erëm voll hierzestellen, dëst fir eng besser Versuergung am Norden ze garantéieren.

 

 

Tiers Payant généralisé

Mir fuerderen e generellen Tiers Payant, e System wou Patiente just nach deen Deel musse bezuelen deen d’Krankekeess net iwwerhëlt. Vill ze heefeg musse Patiente grouss Rechnunge virstrecken an da länger Zäit op hir Sue waarden. Och de System vun engem Remboursement per Scheck direkt am Guichet vun der CNS hëlleft do nëmmen zum Deel weider well een sech dann zousätzlech deplacéiere muss.

En Tiers Payant généralisé géif och dozou féieren, datt eng Käschtendiskussioun vill éischter mat engem Dokter gefouert gëtt, wéi nodeems een doheem entdeckt wéi vill een net rembourséiert krut.

Urgence verbesseren

Eng Urgence heescht net musse Stonnen ze waarden, dofir muss eng Garantie geschafft ginn, dass ee schnell behandelt soll ginn. Heifir muss genuch Personal agestallt ginn an entspriechend geschoult ginn.

Säin Dokter muss ee verstoen

Net jidderee schwätzt all Sproch perfekt a grad an Noutsituatiounen ass et wichteg datt sech Dokter a Patient, mee och Dokter a Famill vum Patient verstinn a keng Ambiguitéiten entstinn. D’Pirate begréissen d’Efforte vum medezinesche Personal fir Lëtzebuergesch ze léieren, mee ginn et zu Lëtzebuerg 3 Amtssproochen a mir wéilten datt een sech an all Amtssprooch mam Dokter verstännege kéint. Dofir fuerdere mir datt all Spidol muss Iwwersetzer astellen déi bei Kommunikatiounsproblemer kennen hëllefen. Dës Zousazleeschtung soll vun der CNS gedroe ginn.

Material uschafen wat néideg ass

Grad bei IRMen, mee och bei anere méi speziellen Analyse muss een haut heefeg ze laang waarden oder an d‘Ausland goe fir zäitno traitéiert ze ginn. D‘Pirate fuerderen datt mindestens 1 weideren IRM ugeschaaft gëtt an datt grondsätzlech all wichtegt Material esou geplangt gëtt, datt keng Waardezäite vun e puer Méint entstinn.

This site is registered on wpml.org as a development site.