Ëmwelt & Energie


 

D’Versuergung mat Energie, Elektrizitéit, Wäermt, Waasser sou wéi Telekommunikatioun ass e Biergerrecht. Fir eng nohalteg Energie an Ëmweltpolitik sécher ze stelle brauch et een dezentral an diversifizéiert Beschafen, Erzeugen a Verdeele vun Energie.

 

Nationalen Ëmweltplaner

Mir fuerderen d’Ariichtung vun enger nationaler a politesch onofhängeger Planungsinstanz an Ëmweltfroen. Dëst ass eng wichteg Viraussetzung fir déi nohalteg Entwécklung vum Land.

 

National Energiekommissioun

Mir fuerderen d’Grënnung vun enger nationaler Energiekommissioun mat allen betraffenen Acteuren (Industrie, Mëttelstand, Gewerbe, Staat, Gemengen, Parteien, Biergerinitiativen) fir eng breet konzentréiert Ëmsetzung ze erméiglechen, déi vun allen Bedeelegte gesellschaftlechen, politeschen a wirtschaftleche Kräfte gedroe gëtt. Dës Kommissioun soll d’Definitioun, d’Finanzéierung an d’Ëmsetzung vun engem déifgräifende 15-Joer Plang ausschaffen, mam Ziel bis 2030 d’Importer vun net-nohaltegen Energiequellen op 50% vum Verbrauch am Joer 2018 ze reduzéieren. Betriber sollen encouragéiert ginn op nohalteg Energiequellen ëmzesteigen.

 

 

(Re-)generativ Energie preferéieren

An ëffentleche Beschafungsprozesser op den Energiemaart sollen (re-)generativ Energië virgezu gi fir esou Maartureizer fir entspriechend Offeren ze schafen. Dëst féiert mëttelfristeg dozou datt och fir privat Haushälter eng méi grouss Offer entsteet an d’Präisser erofginn.

 

 

Versuergung sécherstellen

D’Versuergungssécherheet muss méi e grousse Stellewäert kréie wéi dat elo de Fall ass. Entreprisen an de Staat, déi zentral Infrastrukture bedreiwen an iwwerwaache mussen Noutfallpläng an Alternativzeenarie bereet stelle fir den Noutfall vun Naturkatastrophen oder Attentater. Déi dofir reservéiert Fonge mussen sou wäit wéi noutwenneg erhéicht gi fir d’Infrastruktur vum Land ze stäerken an d’Konsequenze vun engem Ausfall op Mënsch a Wirtschaft ze limitéieren. An den zoustännege Ministèren an Organisatiounen (z.B. ILR oder CIRCL) muss eng Abteilung sech nëmmen ëm déi secherheetstechnesch Rechner an netzrelevant Aspekter vun der Energie-Infrastruktur an hiren Acteure këmmeren. Et mussen all Joer Stresstester fir all systemrelevant Soft- an Hardware ginn, sou wéi den Noweis erbruecht ginn, datt eng funktionéierend Kaltstartméiglechkeet zur Verfügung steet.

 

Nohalteg Baumaterialien

Mir fuerderen datt als éischt bei ëffentleche Bau- Projeten, spéider awer och bei Privatkonstruktiounen en Undeel vu 25% un nohaltege Baumaterialien areecht gëtt. Dëst reduzéiert net nëmmen den Undeel u Bauschutt dee muss stockéiert ginn, mee läit och op enger Linn mat eisen CO2 Reduktiounsziler.

 

 

Recycling an Entreprise méi staark fërderen

Entreprise solle mam gudde Beispill virgoen an en staatleche Label kréien, wann si bei sech verstäerkt op Recycling setzen an Natur respektéieren. Dëst gëllt net nëmme fir Materialie wou se hier Produite beschafen, mee och fir den Ëmgang am deegleche Bürosbetrib, Fuerpark a Kontakt mam Client.

 

 

Liewensmëttelreschter besser verwäerten

D’Pirate schwätzen sech fir eng besser Kontroll beim Verschwende vu Liewensmëttelen aus. Supermarchéë mussen eng wëchentlech Statistik verëffentlechen, wéi vill Liewensmëttel vernicht gi sinn an domat encouragéiert gi besser ze wirtschaften a manner Liewensmëttel ze verschwenden.

 

Lëtzebuerg un d’HGÜ-Netz ubannen

Lëtzebuerg muss fir mëttelfristeg genuch Ökostroum kënnen ze produzéieren am Ausland Energie kafen oder de Bau vu Bio-, Sonnen-, Wand- a Wellenenergieanlage fërderen. Duerfir brauche mir Héichspannungsgläichstroumiwwerdroungs-Leitungen (kuerz HGÜ). Fir datt Lëtzebuerg net an d’Hannertreffe geréit, fuerdere mir eng redundant Ubannung vu Lëtzebuerg un existéierend an zukünfteg HGÜ-Netzer. Dëst géif eis erlaben déi néideg Netzstabilitéit ze erreechen duerch d’Ubanne vu Produktiouns- a Späicherkapassitéiten déi méi wäit ewech sinn. Donieft ass d’Kapassitéit vu Leitunge méi héich, sou datt als Nieweneffekt bestoend Trasse benotzt a keng weider Trasse musse geluecht ginn.

Aféierung vum “Smart Grid”

Datespuersamkeet an Datesécherheet musse beim Asaz vun engem “Smart Grid” am Mëttelpunkt stoen ier persounen- an haushaltsbezunnen Energiedonnéeë vun entspriechende Service gesammelt ginn. Dëst ass beim Smarty-Asaz zumindest fraglech a muss méi oppen an transparent dokumentéiert gi fir Vertrauen an dës nei Technologien hierzestellen.

 

Innovativ Stroossen

Solar Roadways heescht de Konzept no deem Stroossen a Form vu Panneaue gebaut ginn, déi gläichzäiteg als Solarzelle fonctionnéieren. D’Beschafenheet vun der Uewerfläch aus gehäertem Glas ass dee gläiche wéi vum Asphalt, d’Produktiounskäschte leien dräi mol sou héich wéi déi vun normale Stroossen – dofir kënne mat de Stroossen Stroum fir d’ganz Land produzéiert ginn. En plus sinn op de Stroossen LEDen agebaut, wouduerch d’Verkéiersinformatiounen direkt op d’Strooss projezéiert kënne ginn. Déi Panneauen si robust an am Fall vun engem Defekt ass et ganz einfach se auszetauschen. D’Piratepartei fuerdert am Geescht vun der Energieeffizienz, datt eng Kommissioun d’Rentabilitéit vun deene Stroossen zu Lëtzebuerg iwwerpréift.

 

 

Regionale Bio-Label

D’Groussregioun soll en eegene regionale Label kreéieren, fir ze weisen dat d’Produiten och aus der Groussregioun kommen, an net ëm den hallwe Globus transportéiert gi sinn an domadder de CO2-Ausstouss an aner Schuedstoffer maximiséiert goufen.

 

 

LED Luuchten

Fir Energie ze spueren, soll d’staatlecht Netz progressiv op LED Luuchten ëmgestallt ginn.

 

Ëmweltfrëndlech & Fairtrade

De Staat soll bei sengen Akeef op Ëmweltfrëndlech & Fairtrade Produkter zeréckgräifen.

 

 

This site is registered on wpml.org as a development site.