Déiereschutz


 

Méi streng Gesetzer bei Déierequälerei

Déierequälerei soll kee Kavaléiersdelikt si mee muss mat schwéiere Strofe beluecht ginn.
Eng zentral Meldestell soll geschafft ginn, fir schnell an einfach op Déierequälerei reagéieren ze kënnen, an dës och direkt bemierkbar maachen ze kënnen. Baueren déi méi oft bei Déierequälerei erwëscht goufe sollen op enger Websäit kloer ausgewise  ginn, fir datt de Konsument entscheede kann op en déi Wuer nach weider kafe wäert oder léiwer drop verzicht.

Déiere mussen als Liewewiesen mat Gefiller am Gesetz verankert ginn.

Déierentransporter begrenzen

Déierentransporter sollen op 100 km begrenzt ginn a Baueren sollen dat nooste Schluechthaus auswielen. Esou erspuere mir den Déieren nach onnéideg Qualen beim Transport, wann se duerch ganz Europa gefouert ginn. Zousätzlech muss d’Aart a Weis wéi Déiere geschluecht ginn iwwerduecht a verbessert ginn. Bei enger Mësshandlung mussen d’Strofen erhéicht ginn.

Opfangstatiounen

Schafen vun Opfangstatiounen fir verletzten Déieren queesch duerch d’Land.

 

 

Hondssteier ofschafen

Steieren op Déiere sollen opgeschafft ginn, et soll keng Bestrofung sinn, een Déier ze adoptéieren.

 

Bauerenhäff amplaz Agrarfabriken

Mir setzen eis fir besser Standarde bei Notzdéieren an fir eng aartgerecht Behandlung ze garantéieren. D’Pirate fuerderen, datt de Kader vun der landwirtschaftlecher Produktioun verbessert gëtt an ökologesch ausgebaut gëtt. Massendéierenhaltung féiert zu schlechte Konditioune fir Mënsch an Déier. Dofir fuerdere mir eng Réckbesënnung op e Bauerenhaff mat enger iwwerschaubarer Zuel u Béischten amplaz riseg Agrarfabriken.

 

 

Zirkusdéiere widderspriechen eise Grondwäerter

D‘Pirate refuséieren Haltung, Dressur a Presentatioun vu wëllen Déieren am Zirkus grondsätzlech. Et gëtt ausser der mënschlecher Curiositéit kee Gronn fir wëll Déieren aus hirem Habitat ze rappen an onnatierlech Presentatiounen ënnert Stress iwwert sech mussen ergoen ze loossen. Mir fuerderen dofir e konsequent Verbuet vu wëllen Déieren an Zirkussen.

 

 

Déiereversich

Déiereversich sollten a Fäll wou alternativ Methode bestinn net verflichtend sinn. D‘Piraten akzeptéieren, datt et a bestëmmte Situatiounen néideg ass Medikamenter als éischt och un Déieren ze teste respektiv nei Behandlungsmethoden iwwerhaapt eréischt duerch Déieren z‘entdecken. Mir schwätzen eis awer dofir aus datt all Alternativ zu Déiereversich soll versicht ginn éiert op Déiereversich zeréckgegraff gëtt.

 

 

Eeër-Kennzeechnung och als Inhaltsstoff

Fir eng besser Transparenz um Liewensmëttelmaart, mee och fir dem Verbraucher de Choix ze gin Produite mat manner Déiereleed ze kafen, fuerdere mir, datt op all Produit deen Eeër als Inhalt huet, markéiert ass ob déi aus Buedemhaltung, Käfeghaltung oder Bio sinn. Dëst analog zur Eeër-Kennzeechnung. Just den Haff misst hei net mat ugi ginn.

This site is registered on wpml.org as a development site.