Dateschutz
De Schutz vun der Privatsphär vum Eenzelen gehéiert zu de Grondprinzipie vum demokratesche Rechtsstaat. All Bierger muss d’Recht hunn seng perséinlech Daten zu all Moment zeréckverfollegen, änneren an och läschen ze kennen. Dëst Recht op informationell Selbstbestëmmung muss d’Leitlinn bei all Datesammlung sinn. Ier awer iwwerhaapt perséinlech Donnéeë gesammelt ginn, muss gepréift ginn op dës Kollekt iwwerhaapt néideg ass. De beschten Dateschutz ass Datespuersamkeet – Donnéeën, déi ni gesammelt goufen, kënnen och net mëssbraucht ginn.
Dateschutz stäerken – informationell Selwerbestëmmung etabléieren
E Bewosstsinn fir Datespuersamkeet léist sech nëmmen etabléieren, wa jidderee weess wéi eng Donnéeë schonn iwwert en gespäichert ginn. Dofir fuerderen d’Piraten, datt all Organisatioun, staatlech Administratioun oder Entreprise déi an enger Datebank perséinlech Informatiounen iwwer eng Persoun gespäichert huet, dës eemol pro Joer an engem Relevé iwwer dës Datespäicherung informéiert. Op Ufro mussen dës Stellen der Persoun detailléiert Auskonft gi wéi dës Donnéeë benotzt ginn, wéi laang se gespäichert ginn a wéi se kënne verännert oder geläscht ginn.
D’Dateschutzbestëmmunge solle fir all Dateveraarbechtung gläich sinn – fir privat, staatlech oder kommerziell Datebanke mussen déi selwecht Reegele gëllen. Ausnamereegelunge fir staatlech Datebanke mussen op e Minimum reduzéiert ginn an Datebanke mat sensibelen Donnéeë mussen enger besonnesch staarker Kontroll ënnerleien.
Datebanke mat perséinlechen Donnéeë solle net méi nodréiglech, ma à priori vun der Dateschutzkommissioun mussen autoriséiert ginn. Doriwwer eraus solle keng Datebanke matenee verbonne ginn, ouni datt déi Betraffenen doriwwer informéiert ginn. Ginn Datebanke matenee verbonnen sou mussen déi betraffe Persoune kënnen innerhalb vu 14 Deeg Widdersproch aleeën an hier Donnéeë läsche loossen.
Bei Verletzung vum Dateschutz mussen zivil- a strofrechtlech Moossname méiglech sinn. D’Strofe bei Mëssbrauch dierfen net esou niddreg leien, datt Verfahre reegelméisseg agestellt gi, well de Sträitwäert ze geréng ass. Stellt eng Stell, déi perséinlech Donnéeë späichert, fest, datt Datesätz onberechtegt agesinn oder kopéiert goufen, da mussen all betraffe Persounen iwwer dës Datepann informéiert ginn.
Keng Späicherung vu biometreschen Donnéeën
Biometresch Donnéeë wéi z.B. Fangerofdréck, déi fir d’Ausstelle vun de biometresche Päss a Carte d’Identité erhuewe ginn dierfen net iwwer länger Zäit vu Gemengen oder staatleche Stelle gespäichert ginn. Nom Prinzip vun der Datespuersamkeet sollen dës Donnéeën nom Ausstelle vun der Carte d’Identité oder dem Pass erëm geläscht ginn a bei Nei-Ausstellung frësch opgespillt ginn. Dëst verhënnert eng Usammlung vu perséinlechen, biometreschen Donnéeën a staatlechen Datebanken.
Fichier élève drastesch reduzéieren
D’Schülerdatebank späichert déi perséinlech Donnéeë vun de Schüler zu Lëtzebuerg an hirem sozialen Ëmfeld. Fir d’Sécherheet vun dësen Donnéeë sécherzestelle muss eng zentral Späicherung verhënnert ginn. Et muss sécher gestallt ginn, datt den Zougang op d’Donnéeën op d’Léierpersonal limitéiert ass, déi onbedéngt vun dësen Date musse Gebrauch maachen. D’Piratepartei setzt sech vir eng massiv Reduzéierung vun de gesammelten Daten an – all Kategorie vu gesammelten Donnéeë muss op hier Necessitéit gepréift ginn. D’Datebanke mussen dezentral an net vernetzt an deene jeeweilege Schoule stoen. All Schüler an hier Eltere musse kënne gesinn, wat iwwert si ofgespäichert ass a wann néideg d’Donnéeë rektifizéiere kënnen.
CNPD stäerken
Pirate gesinn, datt d’Commission Nationale pour la Protection des Données’ (CNPD) mat der Kontroll vun den Dateschutzgesetzer iwwerfuerdert ass. Der CNPD sti weder genuch Personal a Ressourcen, nach rechtlech Moyene zur Verfügung fir den Dateschutz konsequent ze kontrolléieren an duerchzesetzen.
Mir stelle fest, datt d’Beméiungen vun der aktueller blo-rout-grénger Regierung awer an eng ganz aner Richtung ginn. Amplaz d’CNPD mat méi Moyenen auszestatten, ginn d’Prozeduren esou vereinfacht, datt manner Personal gebraucht gëtt. Kameraiwwerwaachung op der Aarbechtsplaz muss beispillsweis net méi am Viraus autoriséiert ginn, en einfacht Bescheet-soen bei der CNPD soll duergoen. Mëssbrauchsfäll falen dann héchstens bei Kontrollvisitten op.
Mir fuerderen dofir, datt de Projet 7049 nees zeréckgezu gëtt an datt d’Personal vun der CNPD op mindestens 20 Persounen opgestockt gëtt. D’Kommissioun muss déi rechtlech Kompetenze kréie fir Mëssbrauch ze verfollegen a Strofen duerchzesetzen a brauch dofir och eng Legislatioun, déi an d’Zäit vun haut passt.