Version française en bas
Aarbecht & Soziales
Den technesche Fortschrëtt, d’Internationaliséierung vun de Marchéen, an d’Ännerunge vun der Altersstruktur brénge mat sech, datt déi al Modeller net méi als Léisung fir aktuell Problemer duerginn. Mir mussen dofir deenen neien Erausfuerderunge mat neien Ideeë begéinen. Ons laangfristeg Léisung heescht Grondakommes. Bis dës Visioun ëmgesat ass gëllt et den Aarbechtsmarché op déi richteg Bunn ze brénge fir dës Propose ëmzesetzen. Wichtegst Grondlag ass et sozial Errongenschaften ze stäerken an nei, flexibel Aarbechtsmodeller ze ënnerstëtzen, déi op laang Sicht en selbstbestëmmt Aarbechtsliewen ouni Existenzängscht kënnen erméiglechen.
E sozialen Index fir déi, déi e brauchen
Den Index, esou wéi e momentan zu Lëtzebuerg besteet, huet zur Konsequenz, datt Leit mat engem héijen Akommes am meeschte bei enger Index-Erhéijung dozou gewannen. Fir datt den Index och an Zukunft bezuelbar bleift mussen en gedeckelt ginn, esou dat deene Leit, déi ënnert der Inflatioun am meeschten u Kafkraaft verléieren ënnert d’Äerm gegraff gëtt. D’Pirate fuerderen dofir, dat den prozentualen Index- Ausgläich nëmme bis d’Héicht vun dräi mol de Mindestloun ausbezuelt gëtt. Un der wichteger Errongenschaft vum Index kann esou festgehale ginn, ouni, datt d’Akommesstruktur weider zu Gonschte vu Besserverdénger ausernee geet.
Breet Diskussioun zur undeelsbaséierter Pensioun ustoussen
Des Weideren ass et de Pirate wichteg, datt d’Investitioune vun eisem Pensiounsfong iwwerduecht ginn an transparent oppe geluecht ginn. D’Pirate soen NEE zu Investitiounen a Waffen a fuerdere vum Pensiounsfong sengem Rôle gerecht ze ginn an an nationale Wunnraum fir méi schwaach gestallte Familljen z’investéieren, esou, datt een net nëmmen eng Mouk fir am Alter huet, mee de Pensiounsfong och schonns schaffende Familljen hëlleft en Daach iwwert dem Kapp ze hunn.
Witfraen & Männer dierfen net an eng nodeelhaft Steierklass kommen, no dem Verloscht vum Partner.
D’Verhältnis vun Aarbechtszäit zur Fräizäit iwwerdenken
Mir sinn eis méi wéi bewosst, datt an de kommenden Joerzéngten d’Digitaliséierung an den technologesche Fortschrëtt genee esou wéi eng staark usteigend Bevëlkerungszuel dofir suerge wäert, datt et onméiglech ass, fir 100% vun der aarbechtsfäeger Bevëlkerung 40-Stonnen-Aarbechtsplazen ze garantéieren.
Et ass onëmgänglech, fir dem drohenden gesellschaftlechen Clash duerch d’Aféierung vun engem Bedéngungslose Grondakommes entgéint ze wierken. Bis datt esou e Grondakommes awer Realitéit, sollten elo schonn éischt Mesuren ergraff ginn:
Mir Piraten sinn der Iwwerzeegung, datt am Joer 2018 d’Work-Life-Balance net méi an engem ugemoosse Verhältnis zuenee steet, dat ëmsou méi virum Hannergrond vun deem grad beschriwwenen Zeenario. Mir wëllen dofir eng Diskussioun ustoussen, fir wärend den nächste Joren d’Aarbechtszäiten pro Employéen bei gläichbleiwender Bezuelung schrëttweis ze reduzéieren.
Mir wëllen ausserdeem Ureizer schafen, fir datt Patronen innovativ Konzepter ausprobéieren, déi op dat selwecht Zil hischaffe sollen.
Alternativ Aarbechtsmodeller ënnerstëtzen
Fir dem Verkéierskollaps op eise Stroossen, an och deenen domadder verbonnenen negativen Aflëss op Natur a Liewensqualitéit, ze verhënneren, brauche mer en Ëmdenke wat eis Aarbechtsmodeller ugeet. Flexibel Aarbechtszäiten an Teleworking, och a grad beim Staat als Virbild, sinn de Piraten no e gudde Moyen, fir alternativ Aarbechtsmodeller duerch ze setzen.
Aféierung vu Kënnegungsschutz an Stäerkung vu Rechter vun den Employéen
Globaliséierung vun der Ekonomie an d’Internationaliséierung vun de Betriber zu Lëtzebuerg huet en fiabele System ad absurdum gefouert. A villen internationale Betriber fungéiert Lëtzebuerg am Verglach zu sengen Nopeschlänner als ideal Plaz fir en “Reduction in Force”. Wëll et an Däitschland a Frankräich méi schwéier a méi deier ass d’Employéeën ze entloosse gëtt zu Lëtzebuerg ofgebaut. D’Piratepartei fuerdert datt de Code du Travail den neien Erausfuerderungen ugepasst gëtt, en Kënnegungsschutz no däitschem Modell agefouert gëtt, den Dédommagement gehéicht gëtt an sou Rechter vun den Employéë gestäerkt gi fir Aarbechtsplazen ze sécheren.
Steierlech Virdeeler bei laangjärege Mataarbechter
De Patron soll dozou animéiert ginn, fir Mataarbechter méiglechst laang am Betrib ze halen, dofir solle pro Joer un Betribsalter vum Employé, eng Reduktioun op de soziale Laaschten agefouert ginn.
Offices sociaux
D’Pirate fuerderen eng eenheetlech an harmoniséiert Prestatiounslëscht fir all Bierger, mat engem besonneschen Aenmierk op déi Jonk ënnert 25 Joer, déi am Gesetz verankert soll ginn. Et ginn wéineg national Richtlinnen an esou decidéieren déi eenzel Office Sociaux iwwert wat fir eng Hëllef an fir wat vir en Montant den Demandeur eppes zu gutt huet an kritt . Dat feiert dozou dat jee nodeem wou een wunnt, d’Hëllef déi een an der selwechter Situatioun kritt komplett verschidden kann sinn.
Definitioun vu Liewensgemeinschaft
D’Pirate fuerderen eng eenheetlech Definitioun vun der Terminologie a kloer an transparent Kritäre bei der Applikatioun vun de Sozialhëllefen.
Vill Sozialhëllefen (zb. RMG, Wunnengshëllef) beruffen sech op d’finanziell Moyen vun der Liewens- an Ertragsgemeinschaft. Dobäi schwätzen déi eenzel Ministère vu communauté de vie, communauté domestique oder communauté légal, allerdéngs ouni des kloer ze definéieren an iwwerloossen esou d’Interpretatioun hire Fonctionnairen. Dëst feiert zu oft onnéidege Mëssverständnesser a Konflikter tëschent de Bierger an hirer Administratioun an erschwéiert, ënner anerem, Néi Wunn- a Liewensgemeinschaftsmodeller.
Mindestloun iwwert dem Aarmutsrsisiko
De Mindestloun muss 20% iwwert dem nationalen Aarmutsrisiko, eng Zuel wou all Joer muss am Januar néi berechent ginn, leien. Mindestloun vun der Steier befreien
Wien fir nëmmen de Mindestloun schaffe geet, soll net och nach mussen duerch d’Steieren ënnert d’Aarmutsgrenz falen. Dofir fuerdere mir, datt de Mindestloun komplett vun der Steier befreit gëtt an d’Perten duerch en Unhiewe vum Spëtzesteiersaz kompenséiert ginn.
Steierklassen ofschafen
Mir setzen eis dofir an, fir d’Steierklasse komplett ofzeschafen a Familljen duerch Steierkreditter fir Kanner z’entlaaschten amplaz Witfraen a -männer respektiv gescheete Koppelen no 3 Joer duerch eng Zréckstufung ze bestrofen. Net de Fakt bestuet ze si soll honoréiert ginn, mee de Fakt Kanner ze hunn ënnerstëtzt ginn. Des Weidere geet esou och d’Dir op fir Benevolat verstäerkt iwwert de Steiersystem ze honoréieren. Dofir schloe mir fir, Steierklass 1 & 1A erof ze setzen op den Niveau vun der Klass 2. Duerno eng eenheetlech gënschteg Steierklass ze schaffen.
Interim agrenzen
Internetagencë benotzen Aarbechter als bëlleg Kraaft a ginn hinne keng Perspektiv, dofir soll Interimsaarbecht begrenzt ginn an et soll e steierlechen Nodeel sinn, sollt eng Firma sech fir sou Methoden entscheeden.
Klenge Kredit
De Staat soll via seng Banken (wou en Aktionär ass) kleng Kreditter fir z.B. Haushaltsmaschinnen ze kafen un seng Bierger verginn, des bis zu enger Valeur vu bis zu 10.000 €. Op dëse Kreditter gi keng Zënsen erhuewen a keng Fraisen.
Keen op der Strooss zeréck loossen
D’Pirate sinn fir d’Schafe vun enger Garantie, dass jiddweree ka waarm & dréche schlofe souwéi eppes ze iessen an drénke kritt. Keen soll weiderhi mussen op der Strooss schlofen.
Krankeschäin direkt bezuelen
Ab dem 3. Dag soll de Mataarbechter am Krankeschäin direkt vun der Gesondheetskeess bezuelt an net méi vum Patron.
Steierkredit fir Liewensmëttelspenden
Fir Spenden (och vu Geschäfter) un Cent-Butteker an Tafelen z‘encouragéiere, fuerdere mir d‘Aféiere vun engem Steier-Abattement fir Liewensmëttelspenden. Dëse soll esou berechent sinn, datt eng Liewensmëttelspend keng zousätzlech finanziell Charge (z.B. duerch TVA) fir de Spender generéiert a gläichzäiteg d‘Steierbelaaschtung reduzéiert.
Traduction française:
Le progrès technique, l’internationalisation des marchés et l’évolution de la pyramide des âges ont fait que les anciens modèles de travail et de politique sociale ne servent plus de solution face aux problèmes actuels. Nous devons donc relever ces nouveaux défis avec de nouvelles idées. Notre solution à long terme signifie un revenu de base inconditionnel. Tant que cette vision ne sera pas mise en œuvre, nous comptons d’amener le marché du travail au bon stade avant de mettre en œuvre le revenu de base. Une mission importante est de renforcer les ressources sociales et de soutenir de nouveaux modèles de travail flexibles qui, à long terme, peuvent permettre une vie professionnelle autodéterminée sans peur d’existence.
Un index social pour ceux qui en ont besoin
L’index, tel qu’il existe actuellement au Luxembourg, a pour conséquence que les personnes à revenu élevé bénéficient le plus d’une augmentation. Pour que l’index reste abordable à l’avenir, il doit être plafonné afin que ceux qui perdent le plus de pouvoir d’achat sous l’inflation soient ceux qui bénéficient de l’index. Les Pirates exigent donc que le l’index ne soit versé qu’aux personnes gagnant moins que trois fois le salaire minimum. Sous cette forme, l’index peut être maintenu comme acquis social important sans favoriser les disparités dans la distribution des revenus, actuellement en faveur des haut salaires.
Entamer une discussion au sujet du fond de pension
De plus, il est important pour le Parti pirate que les investissements de notre fonds de pension soient repensés et rendus transparents. Les Pirates disent NON aux investissements dans les armes et demandent au fond de pension d’assumer son rôle et d’investir dans le logement pour familles défavorisées pour aider les personnes aujourd’hui à avoir un toit au-dessus de leur tête.
Les veuves et veufs ne doivent pas entrer dans une classe fiscale défavorable après la perte du partenaire.
Repenser le rapport travail-loisirs
Nous sommes plus que conscients qu’au cours des prochaines décennies, la digitalisation et le progrès technologique, tout comme une population en croissance rapide, garantiront qu’il sera impossible de garantir que 100% de la population active pourront travailler 40 heures/semaine. Il est impossible de contrer ce choc social imminent et il sera dès lors inévitable d’introduire une forme d’un revenu de base inconditionnel. Jusqu’à la réalisation d’un tel revenu de baseé, les premières mesures doivent être prises dès maintenant:les Pirates pensent qu’en 2018, l’équilibre travail-vie ne se trouve plus dans une relation proportionnée, d’autant plus compte tenu du scénario décrit ci-avant. Nous souhaitons donc entamer une discussion afin de réduire progressivement les heures de travail par employé pour même rémunération au cours des prochaines années. Nous voulons également inciter les employeurs à essayer des concepts innovants qui devraient viser le même objectif.
Soutenir des modèles de travail alternatifs
Pour éviter l’effondrement du trafic sur nos routes, ainsi que les impacts négatifs associés sur la nature et la qualité de vie, nous devons repenser nos modèles de travail. Les horaires de travail flexibles et le télétravail sont des bons moyens pour les Pirates de mettre en œuvre des modèles de travail alternatifs. L’Etat luxembourgeois y dois assumer un rôle modèle et pionnier.
Introduction de la protection contre le licenciement et renforcement des droits des employés
La mondialisation de l’économie et l’internationalisation des entreprises au Luxembourg ont rendu un système fiable ab absurdum. Dans de nombreuses entreprises internationales, le Luxembourg compte par rapport à ses pays voisins comme un lieu idéal pour une réduction des effectifs. Comme il est plus difficile et plus coûteux de licencier des employés en Allemagne et en France, les effectifs sont réduits au Luxembourg. Le Parti Pirate insiste que le Code du Travail –s’adapte aux nouveaux défis, introduise un système de protection des employés selon le modèle allemand, augmente les dédommagements et renforce les droits des salariés pour sauver des emplois.
Avantages fiscaux selon l’ancienneté
L’employeur doit être animé pour garder les salariés dans l’entreprise le plus longtemps possible. C’est pourquoi chaque année du salarié devrait être compté pour une réduction des charges sociales.
Offices sociaux
Les Pirates exigent une liste uniforme et harmonisée des listes de prestations pour tous les citoyens, avec un accent sur les jeunes de moins de 25 ans, qui devrait être inscrit dans la loi. Il y a peu de directives nationales et chaque Office Social décide donc quel type d’aide et quel type de demandeur a droit aux aides et combien il reçoit. Cela signifie que selon l’endroit où on habite, l’aide qu’on reçoit dans une même situation peut être complètement varier.
Définition de la communauté de vie
Les Pirates exigent une définition uniforme de la terminologie et des critères clairs et transparents lors de l’application des aides sociales. De nombreuses aides sociales (tels que le RMG, l’aide au logement) dépendent des moyens financiers des communautés de vie. Dans ce cas, les différents ministères parlent de la communauté de vie, de la communauté domestique ou de communauté légale, pourtant sans définir ces termes, ce qui laisse leur interprétation aux fonctionnaires. Cela conduit souvent à des malentendus et des conflits inutiles entre les citoyens et leur administration et complique des nouveaux modèles de logement et de communautés de vie.
Un salaire minimum au dessus du risque de pauvreté
Le salaire minimum doit être supérieur de 20% au taux national de risque de pauvreté, un chiffre qui doit être calculé chaque année en janvier.
Ceux qui travaillent pour le salaire minimum ne devraient pas tomber sous le seuil de pauvreté par le biais des impôts. Par conséquent, nous exigeons que le salaire minimum soit totalement exonéré d’impôt et que les pertes induites pour les recettes de l’État soit compensées par une augmentation du taux d’imposition maximal.
Supprimer les classes d’impôt
En vue d’un revenu de base inconditionnel, nous voulons abolir complètement les classes d’impôts par des crédits d’impôts pour soulager les familles nombreuses au lieu de surtaxer veuves et veufs ou couples divorcés après trois ans. Non le fait d’être marié devrait être honoré, mais le fait d’avoir des enfants à sa charge. De plus, en abolissant les classes d’impôt, on ouvre les portes du régime fiscal pour honorer le bénévolat. Par conséquent, nous proposons d’abaisser les classes d’imposition 1 et 1A au niveau de la classe 2. Ensuite, il faudra créer une classe d’imposition uniformément favorable.
Restreindre le travail d’intérim
Les agences d’intérim utilisent les travailleurs comme une main d’oeuvre à bas prix et ne leur donnent aucune perspective. Le travail intérimaire doit donc être limité par des désavantages fiscaux à charge de l’entreprise qui se décide pour l’intérim.
Petits prêts
L’État devrait, via ses banques (où il est actionnaire) accorder de petits prêts à concurrence d’une valeur de 10 000€, par exemple pour acquérir des appareils domestiques. Sur ces prêts, aucun intérêt et aucuns frais ne sont facturés.
Ne laisser personne sur la route
Les pirates sont en faveur de la création d’une garantie que chacun peut dormir au chaud et au sec et recevoir à manger et à boire. Personne ne devrait avoir à continuer de dormir sur la route.
Payer les congés pour maladie à partir du 3ème jour pour soulager l’employeur
À partir du troisième jour, l’employé en maladie devrait être payé immédiatement par la CNS et non par l’employeur.
Crédit d’impôt pour dons de nourriture
Pour encourager les dons (y compris les magasins) aux magasins de charité, nous demandons l’introduction d’une déduction fiscale pour les dons de nourriture. Celle-ci doit être calculé de sorte qu’un don de nourriture ne génère pas de frais financiers supplémentaires (par exemple par le biais de la TVA) pour le donateur en réduisant en même temps sa charge fiscale.