Chancëgläichheet


 

Chancëgläichheet

D’Pirate lenen eng Gesellschaft mat Ënnerscheedung opgrond vu Geschlechter, sexueller Orientéierung, Hierkonft oder aaner perséinlechen oder äusserlechen Merkmalen strikt of. All Mënsch muss als Deel vun der Gesellschaft déi selwescht Rechter a Pflichten hunn an de Staat muss dës Gläichbehandlung a sengen Aktioune garantéieren.

 

 

Wierklech Gläichstellung

Mir fuerderen eng wierklech Gläichsstellung vu Mann a Fra. Dëst kann zum Beispill duerch méi flexibel Aarbechts- a Vakanzemodeller erreecht ginn. Méiglech wier et och, datt wéinst der statistescher Wahrscheinlechkeet datt Fraen opgrond vun hire Kanner méi dack ofwiesend sinn Männer als Kompensatioun dëst mat agepräist kréien, zum Beispill a Form vun engem Bäitrag an e Fong fir d’Förderung  vun der Gläichsstellung.

 

 

Medezineschen Zougang fir transident Persounen

D’Piraten si fundamental der Iwwerzeegung, datt jiddwereen e Recht drober huet, a séngem Kierper a mat senger Identitéit glécklech ze sinn. Mir trieden dofir net nëmmen national mee och international dofir an, datt d’Stigmatiséierung vun Trans- an Intersexmenschen als psyschesch Kranker ophällt.

Mir schwätzen eis vehement géint eng pathologiséierung vun Trans- an Intermenschen am Bezuch op weider Prozeduren während hirer Transitiounsphase aus. Mir si fir eng komplett a vollëmfänglech prise en charge vun de medizineschen Traitementer duerch d’Gesondheetskees, déi dës Bierger hirem Wonsch méi no bréngen.

 

 

Vereinfachung bei geschlechtsugläichenden Operatiounen

Et ass absolut noutwenneg, fir transidente Persounen no enger geschlechtsugläichender Operatioun d’administrativ Prozeduren ze vereinfachen. Duerch eng eenzeg Demande beim zoustännege Service de population vun der Wunngemeng musse folgend Donnéeën a raisonnablen Délaie modifizéiert ginn:

  • Eng nei Matriculesnummer (vu datt d’Geschlecht an der virleschter Zuel vun der Nummer codéiert ass),
  • Eng nei Identitéitskaart
  • Informatioune fir d’Gesondheetskeess
  • Informatioune fir aner Servicer déi d’perséinlech Identifikatiounsnummer (z.b. d‘Steierverwaltung) brauchen.
  • Schouldiplomer vu nationale Schoulen
  • Modifikatioun vum Gebuertsschäin. Den Acte de naissance dierf op kee Fall d’geschlechtlech Virgeschicht vun der Persounen enthalen, doduerch mussen analog Gebuertsakten duerch Digitaler ersat ginn.

 

 

Opwäichung vun der binärer Geschlechterkategoriséierung am Etat civil

Vill intersexuell Mënschen déi bei hirer Gebuert kengem Geschlecht eendeiteg zougewise konnte gi goufen awer zum Mann oder zur Frau operéiert, laang éier se selwer woussten, wat se eigentlech sinn. Ethesch ass et en net ze rechtfäerdegen Agrëff an d’Perséinlechkeetsrecht vun engem Mënsch, wann dësen z.b. bei senger Gebuert opgrond vu senger kierperlecher Konstitutioun net eendeiteg dem weiblechen oder dem männleche Geschlecht zouweise léisst, dësen dann awer um Etat civil an eng vun dëse Kategorien anzeuerdnen. D’Regierung muss der Fuerderung vum Europarot, bei der Klassifizéierung vu Persounen no Geschlecht Flexibilitéit walten ze loossen, Rechnung droen.

D’Pirate favoriséieren eng Léisung bei där méi Geschlecht ewéi just „männlech” oder „weiblech“ méiglech sinn.

 

 

Anonym Bewerbunge förderen

Fir bei Virstellungsgespréicher ze vermeiden, datt Kandidate schonn am Virfeld wéinst Kritären wéi Geschlecht, Äusserlechem oder Hierkonft ausgeschloss ginn setzt d’Piratepartei sech fir anonym Bewerbungen an. Esou kann de Patron sech uerteelsfräi op d’Qualifikatiounen vum Mënsch konzentréieren, deen e bei sech an d’Virstellungsgespréich komme loosse wëll.

 

 

Konsequent Inclusioun vu LGBTIQ-Mënschen an der Legislatioun an am Alldag

No der Reform vum Bestietnes- an Adoptiounsrecht fir gläichgeschlechtlech Persoune bleift am Beräich vun de LGBTIQ-Themen trotzdeem nach vill Themen, déi op den Orde du jour gehéieren. D’Pirate fuerderen dofir e ganzheetleche Screening vun den eventuellen Texter an der lëtzebuergescher Legislatioun, déi eng Relevanz fir LGBTIQ-Mënsche kënnen hunn.

Mir ënnerstëtzen d’Kreatioun vun engem interministerielle Grupp iwwert LGBTIQ-relevant Froen an nodeems de Familljeministère schon en éischten “Plan d’Action National LGBTI“ ausgeschafft huet, wëlle mir, datt op deem Sujet och konsequent weider geschafft gëtt a wann néideg, zousätzlecht Personal a Mëttelen zur Verfügung gestallt ginn. D’Léierpersonal, d’Leit an de Gesondheetsberuffer, d‘Policeagenten, d’Justiz a vill aner staatlech Acteure mussen an deem Thema besser forméiert ginn. Mir fuerderen doriwwer eraus, all nach verbleiwend Ongläichheete konsequent ze besäitegen. D’Zil muss et sinn, als progressiivt a modernt Land nach an der éischter Halschent vun der kommender Lesgislaturperiod eng Beschtplazéierung am ILGA Europe Index vun den LGBTIQ-Rechter ze ereechen.

Zu der Inklusioun vun LGBTIQ-Leit am Alldag gehéiert och d’Bewosstsinn fir hir Bedierfsnesser hisiichtlech der Gesondheet a bei der Altersvirsuerg ze kennen. Mir fuerderen e Konzept, fir dës Bedierfnesser ze erfuerschen a Propositiounen zur Integratioun an de Gesondheetssystem virzeleeën. Dozou gehéiert och d‘Integratioun vun LGBTIQ-relevanten Themen an d‘Formatioun vun de ënnerschiddleche Gesondheetsberuffer. Heibäi muss och der Ëmsetzung vum europäesche Plang „Health4LGBTI“ Rechnung gedroe ginn.

This site is registered on wpml.org as a development site.