Gesellschaft
D’Piratepartei steet fir eng zäitgeméiss Geschlechter- a Familljepolitik. Dëst baséiert um Prinzip vun der fräier Selbstbestëmmung iwwer Ugeleeënheete vum perséinleche Liewen. All Mënsch soll fräi a verantwortungsvoll iwwer säin eegent Liewen an der Gesellschaft entscheede kënnen an de Staat soll nëmmen d’Roll kréien, dës Selbstbestëmmung ze garantéieren.
Géint Xenophobie
De Wuelstand vu Lëtzebuerg berout ënner anerem op dem Asaz vun Net-Lëtzebuerger a Grenzgänger. D’Piratepartei gesäit all Form vun Xenophobie als Risiko fir eng tolerant Gesellschaft a mir wieren ons géint all dës Tendenzen. D’Piraten fërderen all Ënnerstëtzung vun Initiativen géint Xenophobie fir dëse Phänomen ze verdrängen an eng tolerant an oppe Gesellschaft z’erméiglechen.
Jiddereen dierf Kleedung fräi wielen
En selbstbestëmmt Liewe féieren heescht och seng eege Kleedung dierfen ze wielen. D’Pirate schwätzen sech dofir géint all méiglech Verbueter aus, déi dëst Recht aschränke wéilten, besonnesch wann déi reliéis Fräiheete betraff sinn.
Fräi an entkriminaliséierten Avortement
All Fra huet d’Recht iwwert hiren eegene Kierper ze entscheeden. De Staat dierf keng ideologesch oder reliéis Weltbiller als Grond huelen, Fraen dëst Recht anzeschränken. Dofir fuerderen d’Piraten eng fräi zougänglech, entkriminaliséiert Ofdreiwung fir all Fra mat der beschter medezinescher Versuergung, an enger neutraler, fakultativer Berodung. D’Käschte si wéi all medezinesch Leeschtunge vun der Krankekeess ofzerechnen.
Verbuet vun reliéise Beschneidungen
D’Recht iwwer säin eegene Kierper ze entscheeden implizéiert, datt kengem Mënsch dierf Prozeduren opgezwonge ginn, ouni säin Averständnes. Net-medezinesch justifiéiert chirurgesch Agrëff bei Kanner leent d’Piratepartei of a fuerdert, datt reliéis Beschneidunge bei klenge Kanner verbuede gëtt. Dëst Verbuet dierf nëmmen esou laang gëlle wéi déi concernéiert Persounen aus eegener Entscheedung eraus kënnen decidéieren dës Agrëff duerchzeféieren.
Gewalt als gesamtgesellschaftleche Problem
Gewalt muss als gesamtgesellschaftleche Problem erkannt ginn an dierf net op bestëmmte Gesellschaftsgruppe reduzéiert ginn. Op Jeeër, Sportschützen oder Gamer – d’Stigmatiséiere vu bestëmmte Gesellschaftsgruppe leene mir of a fuerdere Gewalt als gesamtgesellschaftleche Problem unzegesinn an deementspriechend Léisung ze fannen.